Skip to main content

The ministry confirmed that the exam break will remain in place just as we requested. This outcome belongs entirely to you because I truly didn't expect such a massive response when I first hit publish. Please keep an eye on official announcements for next year to ensure this stays consistent …

August 2, 2013

Fanger ewech vun der Examens"vakanz"!

Fanger ewech vun der Examens"vakanz"!

🏆 Won — 585 supporters Verified

Final supporters

S
Simoes D.
M
Marthe
Q
Quiring M.
S
Someone
S
Someone
G
Grandjean B.
M
Marc
V
Vinko
W
Weiler S.
A
Andrea C.
+575 more
Started by Anonymous 13 years, 3 months ago
Am Moment ass vum Educatiounsministère geplangt, d'Ofschlossexamen 2014 un engem Stéck schreiwen ze loossen. Bis elo war et nach ëmmer esou, dass tëscht den Epreuven eng Woch Paus ass, verursaacht duerch d'Päischtvakanz (ausser 2005) [1]. Dës Petitioun ass dofir geduecht de Ministère a virun allem d'Madame Delvaux-Stehres dozou opzeruffen hir aktuell Pläng sou séier wéi méiglech ze iwwerdenken an ze änneren. 
Mir sinn net domadder averstanen, dass d'Ofschlossexamen 2014 ouni Paus, un engem Stéck geschriwwe solle ginn. 
Mir wënschen eis, dass de Ministère eng Léisung fënnt fir de Schülerinnen a Schüler, déi 2014 hiren Exame schreiwen, déi Woch Paus, wéi jidderengem virun hinnen, anzegestoen. 
Déi Woch Paus tëscht de schrëftlechen Exame gëtt säit Jore vun de Schülerinnen a Schüler dofir benotzt nach eng Kéier de ganze Cours ze widderhuelen. Wisou soll dëse Joergank elo dës fräi Zäit net zur Verfügung gestallt kréien? Ouni dës examefräi Woch wiere vill Ofschlossnotte méi schlecht ausgefall. Mir fuerderen näischt aneres ewéi, dass dëse Joergank d'selwecht ewéi all déi virdru behandelt gëtt!  

Updates

Reached 500 supporters

June 3, 2013

June 3, 2013

Seeing the count climb toward five hundred is truly overwhelming and something I never imagined when I started this. This momentum is the result of your hard work and it proves that people are listening. If we can reach this milestone today the ministry will have a much harder time ignoring the pressure you have generated.

June 2, 2013

I honestly never expected to reach one hundred signatures this quickly. It is quite overwhelming to see that so many of you care about this break as much as I do. This is truly down to all of you.

Reached 100 supporters

June 1, 2013

June 1, 2013

I am honestly overwhelmed by how many of you have joined this effort so quickly. We are nearly at one hundred signatures and reaching this point proves that people are finally taking notice of our concerns. Please keep the momentum going because your support is the only reason this is even being discussed.

6 Comments

T
Tom Day
13 years ago Featured

Wann een daerf eng Woch léieren dann sollt dat fir jiddereen gëllen. Muss net sin dat elo alles ze änneren.

S
Sophie Wallace
13 years ago Featured

Dat ass extrem onfair an enger Zäit wou d'Exame schon schwéier genuch sinn! Loosst hinnen déi Woch, si hunn se verdéngt.

S
Sarah Hamilton
13 years ago Featured

Dir hudd jo keng Ahnung wat fir en Stress dat ass. Sidd net sou knéckeg mat de Schüler!

L
Luc Gordon
13 years ago Featured

Total onverstänneg. Ouni d'Péngschtvakanz geet d'Noten-Niveau einfach erof. D'Ministesch soll mol no den Schüler lauschteren.

L
Lynn Hughes
13 years ago Featured

Einfach nëmmen frech. D'Schüler leiden ënnert dëser Decisioun. Denkt mol un d'Kanner hier Zukunft!

M
Marc Nasser
13 years ago Featured

Ech fannen dat net ok. D'Schüler stinn souwisou schon enner Drock genuch, do brauche se déi Paus onbedéngt fir alles ze widderhuelen.