Powered by iPetitions - start your online petition now

The petition


1859 hat dëse Saatz aus dem Feierwon nach eng Roll. Am Lëtzebuerg vun 2007 ass et just nach peinlech esou séng Identitéit ze definéieren: defensiv an an d’Vergaangenheet geriicht. Et gëtt Zäit dësem Motto Aeddi ze soen an esou en éischte Schrëtt an t’Zukunft ze maachen.

Fir esou credibel wéi méiglech um nationalen Niveau ze wierken, schloe mer fir, dass nëmmen Leit déi d’lëtzebuergesch Nationalitéit hunn dës Petitioun ënnerschreiwen. D’Ennerstetzung vun allen auslänneschen Awunner an „Frontalieren“ hu mer de facto.

D’Zil vun dëser Petitioun ass eng Ännerung vun der lëtzebuergescher Mentalitéit, déi iergendwéi nach ëmmer un deem Motto festhält oder op d’mannst e Bewäis, datt net all Lëtzebuerger esou denkt. Et kann een dee Saz um Fëschmaart (rue de la loge) bewonneren an et fënnt een en ënnert anerem op Wikipedia als Motto vu Lëtzebuerg.

Als Alternativ schloë mir eng demokratesch Concertatioun vir vun denen déi och net méi esou wëlle bleiwe wat se sin, fir eng nei Devise ze sichen, déi méi de Realitéite vun eisem klengen Ländchen entsprécht…

Sign the petition

Fields marked  *  are required.

* Name:
* Email:
Comments:
Ech well net mei bleiwen wat ech sin!:  
  OK
  Nee, ech well bleiwen wat ech sin
Display my name as anonymous on the signatures list
Yes, I want iPetitions to contact me on similar campaigns or petitions.
  
 

 

Petition sponsor

Mir sin Lëtzebuerg!

 

Links



 

The views expressed in this petition are solely those of the petition's sponsor and do not in any way reflect the views of iPetitions. iPetitions is solely a provider of technical services to the petition sponsor and cannot be held liable for any damages or injury or other harm arising from this petition. In the event no adequate sponsor is named, iPetitions will consider the individual account holder with which the petition was created as the lawful sponsor.